[Pokémon Schwäert/Schëld] Online Turnéier - Toshigo vs. BenDK
Zum Schluss vum Joer 2019 presentéiere mir vun Team Lëtzebuerg Iech dann nach ee mi klengt a gemittlech Test-Turnéier op eiser Online-Plattform.
Opgeholl gouf dese Match vum BenDK an et wäerten nach weider Matcher op dese Youtube-Channel kommen! :)
Am November ass Pokémon Schwäert bzw. Schëld jo op de Marché komm. Vill Leit och hei am Land hunn fläisseg zënter dem Release gespillt, sinn am Gaang hire Pokédex ze vervollstännegen a mir wollten eben elo och mol kucken, wien dann sech och am meeschten mam Online Battle Modus ausernee gesat huet. Wien huet dat beschte Pokémon Team hei am Land?
Hei fann dir d´Iwwersiicht vum Turnéier: https://challonge.com/PKMNSWSHTL2019
Bei weidere Froe kennt der eis gären nees ewéi gewinnt schreiwen!
~Team Lëtzebuerg
_______________________________
Discord-Channel: https://discord.gg/5vt2C9Q
Facebook-Site: https://www.facebook.com/teamletz/
Eise Haaptsite: http://tlux.gamersites.eu
Eise Youtube-Channel: http://www.youtube.com/c/TeamLëtzebuerg