[17 Joer Team Lëtzebuerg] 03/02/2024 - Mario Kart 8 Deluxe Free For All Tournament!

Published on ● Video Link: https://www.youtube.com/watch?v=wQDEjDnQ2Po



Mario Kart 8 Deluxe
Game:
Duration: 1:52:37
105 views
3


Mir feieren 17 Joer fir eise Gaming Grupp, deen nach ëmmer domadder eng vun den eelsten Online Gaming Gruppen a Lëtzebuerg ass.

Vir dat zesummen ze féieren hu mir eis des Kéier iwwerluecht mol no laangem nees 4 Online Turnéieren / Spillowender ze organiséieren!

Net genuch: Wien bei engem Event vun deene 4 matmëscht, dee gëtt dofir och Belount op eisem Gebuertsdag: 20€ Reservoir-Voucher fir 1 Event Participatioun. De Reservoir ass den offiziellen Ënnerstëtzer vun dësem Online-Event! Grousse Merci dofir!

Mir maachen dëst Turnéier mam Haaptgedanken, fir di lëtzebuergesch Nintendo Spiller nees zesummen ze kréien an dofir hale mir et och ganz einfach, mat einfach Reegelen. Et geet net drëms de Beschten ze sinn, mee dass et hei am Land iwwerhaapt emol nees zu engem Nintendo Online-Event kennt.

Hei den Iwwerbléck mat den Datumer an Auerzäiten am Mount Februar:
1) 3. Februar 2024 - 20h00 Mario Kart 8 Deluxe Free For All Event

2) 10.Februar 2024 - 18h00 Super Smash Brothers Ultimate Turnéier

3) 17. Februar 2024 - 20h00 Splatoon 3 Owend

4) 11. Februar 2024 - 29. Februar 2024 - Pokémon Karmesin & Purpur Turnéier

Mei Infos an eisem Discord! Umellen kennt dir Iech iwwert eis E-Mail: tlteamluxembourg@gmail.com

Dir hutt Froen zum Event? Dann stellt se hei!

Mir hoffen de Projet gefält Iech!

~Team Lëtzebuerg

_______________________________________________________________

Informatiounen zu Team Lëtzebuerg:
Eise Facebook-Site: https://www.facebook.com/teamletz/
Eise Discord-Channel: Only on Demand!
Eise Haaptsite: http://tlux.gamersites.eu
Eise Youtube-Channel: http://www.youtube.com/c/TeamLëtzebuerg







Other Statistics

Mario Kart 8 Deluxe Statistics For TL - Team Lëtzebuerg - Team Luxembourg

TL - Team Lëtzebuerg - Team Luxembourg presently has 26,590 views for Mario Kart 8 Deluxe across 433 videos, with the game making up over 9 days of published video on his channel. This makes up 25.25% of Mario Kart 8 Deluxe content that TL - Team Lëtzebuerg - Team Luxembourg has uploaded to YouTube.