[Special] TL goes BOTRL Mario Kart Derby!
Den 11. September 2021 gouf no laanger Paus mol nees een offline Turnéier organiséiert!
D´Brotherhood of the Red Lion ASBL huet invitéiert ob den "BOTRL Mario Kart Derby" am LO Stadio zu Déifferdeng / Nidderkuer!
Fir eis vun Team Lëtzebuerg war et och nees eng éischte Kéier, wou mer eis am gréissere Grupp am Real Life zesumme getraff hunn an eis emol esou konnten ee Bild vun deene Leit maachen, mat deene mer soss ëmmer di ganz Covid-Zäit Online matenee gespillt hunn!
Erlieft an dësem Video déi ganz Atmosphär vun dem Event!
Wien genau wësse well wéi d´Turnéier mat insgesamt 25 Deelhueler ausgaangen ass, fir deen hu mer hei och eng Kéier de challonge-Turnéier-Link: https://play.toornament.com/en_GB/tournaments/4802245423341330432/
Ob dëser Platz Merci un d´Equippe vun der Brotherhood of the Red Lion ASBL a grad esou de Leit vum LO Stadio fir dee gudden Encadrement!
Bis dat nächst Event!
Mir hoffen de Video gefält Iech!
_______________________________________________________________
Informatiounen zu Team Lëtzebuerg:
Eise Facebook-Site: https://www.facebook.com/teamletz/
Eisen Discord-Channel: Only on Demand!
Eisen Haaptsite: http://tlux.gamersites.eu
Eise Youtube-Channel: http://www.youtube.com/c/TeamLëtzebuerg
~Team Lëtzebuerg